Et ginn zwou Méiglechkeeten, Är App op Ärem iPhone ze aktualiséieren:
Optioun 1: Iwwer d’Applikatioun App Store
Déi éischt Méiglechkeet fir sécher ze sinn, datt Dir ëmmer déi aktuellst Versioun vun Ären Applikatioune benotzt, ass bei all iPhone den App Store.
1. Maacht d’Applikatioun „App Store“ op.
2. Dréckt op d’Aktualiséierungen ënne riets.
3. Uewen um Bildschierm fannt Dir eng Lëscht mat Applikatiounen an disponibelen Aktualiséierungen.
4. Aktualiséiert d’Applikatioun fir vun der neister Versioun ze profitéieren.
Optioun 2: Automatesch Aktualiséierungen
Esou aktivéiert Dir déi automatesch Aktualiséierungen:
1. Gitt op d’Applikatioun mat den Astellungen.
2. Maacht „iTunes Store“ an „App Store“ op.
3. Scrollt erof bis bei d’automatesch Downloaden.
4. Setzt de Curseur vun den Aktualiséierungen op aktivéiert/gréng.
Elo kënnt Dir sécher sinn, datt eis App eis lescht Verbesserungen an Nouveautéite berücksichtegt.