Kontaktéiert fir d’éischt d’Agence fir si dorop opmierksam ze maachen, datt e Feeler opgetrueden ass, andeems Är Annonce ouni Är Autorisatioun publizéiert gouf an datt Dir gären hätt, datt dës Annonce vun de verschiddene Portaler, op deene si publizéiert ass, geläscht soll ginn.
Falls d’Agence Är Immobilie net no Ärer Demarche vun de Portaler läscht, schéckt hir e Schreiwes mat Accusé de réception an deem Dir si opfuerdert d’Annonce bannent 3 Deeg nom Erhale vum Schreiwes ze läschen. An Ärem Schreiwes musst Dir Ären Numm, Är Adress an och d’Referenznummer(e) vun den Annoncen op eisem Internetsite uginn.
Als leschte Recours, a falls d’Agence d’Annonce nach ëmmer net geläscht huet, schéckt eis w.e.g. iwwer E-Mail op support@athome.lu eng Kopie vun der Lettre recommandée, vum Recepissé a vum Beweis vun der Exklusivitéit.