Während Ärer Sich op eisem Portal no Ärer zukünfteger Immobilie fir ze kafen oder ze lounen, kënnt Dir Är Sich an Är Favoritte mat anere Persounen deelen.
D’Zil ass, proaktiv ze sichen, zesummen driwwer ze diskutéieren an d’Entscheedung fir e Kaf oder eng Locatioun ze beschleunegen.
Dofir musst Dir e perséinleche Kont myatHome ariichten. Duerno kënnt Dir iwwer de Knäppchen „Inviter“ Persounen invitéieren, e perséinleche Kont anzeriichten. D’Persoun kritt dann eng E-Mail mat enger Invitatioun fir e perséinleche Kont anzeriichten.
Während Ärer Sich kënnt Dir Immobilien zu Äre Favoritten iwwer d’Symbol Häerz bäifügen.
Dës ginn an Ärem Kont hei opgelëscht a gespäichert:
D’Favoritte gi gedeelt an Dir kënnt esou zu all Moment eng Persoun informéieren, ob Iech déi gewielten Immobilie gefält oder net:
Andeems Dir op de Knäppchen „J'aime“ klickt, kënnt Dir der Persoun Är Meenung matdeelen:
Dir kënnt och Är Immobilie an de Favoritte läschen, andeems Dir op d’Symbol uewe riets op der Annonce klickt.
Wat déi gedeelte Siche betrëfft kënnt Dir se am Listing definéieren, uewen op der Säit vun de Resultater:
Wann d’Sich bis erstallt ass, gëtt dës uewen an Ärem perséinleche Kont ugewisen:
Dir kënnt Är Sich läschen, andeems Dir op „supprimer la recherche“ klickt: