Um Portal atHome.lu kënnt Dir och mat Hëllef vun enger Kaart Är Immobilie sichen.
Fir esou gutt wéi méiglech den Ufroe vun de Benotzer nozekommen, bidde mir Iech verschidde Funktiounen un. Esou kann d’Sichzon personaliséiert gi fir Immobilien a präzis definéierte Bezierker ze sichen.
Wann Dir op de Knäppchen „Op der Kaart sichen“ klickt (kuckt hei drënner), gëtt eng Presentatioun vun den 3 Sichmodussen ugewisen:
Déi verschidde Sichmodussen op der Kaart
- Mat der Selektioun vun de Gemenge kënnt Dir eng oder méi Gemenge wiele fir d’Sich op dës Zon ze beschränken. D’Delimitatioun vun de Gemenge gëtt ugewise wann Dir op „Selektioun vun de Gemengen“ klickt. Klickt duerno op déi gewënschte Gemeng(en) (hir Ëmrësser gi méi déck) a validéiert.
- Mat der Sich nom Ëmkrees kënnt Dir en zentrale Punkt op der Kaart wielen an d’Zon bis op e gewëssene Perimeter ronderëm dëse Punkt vergréisseren.
Klickt op den Zentrum vun der gewënschter Zon an distanzéiert Iech vum zentrale Punkt. Esoubal de gewënschte Perimeter ugewise gëtt, klickt nach eng Kéier fir d’Sichzon ze validéieren.
Esoubal den Ëmkrees definéiert ass, gëtt déi kilometresch Distanz ronderëm den zentrale Punkt ugewisen. Den Ëmkrees ka geännert gi mat Hëllef vun de 4 wäisse Punkte ronderëm de Krees.
Mam wäisse Punkt an der Mëtt vum Krees kann d’Sichzon verréckelt ginn, andeems de gewielten Ëmkrees bäigehale gëtt.
- Mat der Zeechnung op der Kaart kënnt Dir Sichzon vollkomme personaliséieren, andeems Dir selwer déi gewënschte Sichzon wielt.
Nodeems Dir „Zeechnung op der Kaart“ gewielt hutt, klickt eng éischte Kéier op d’Kaart fir den éischte Punkt vun der Zon auszewielen a klickt da weider fir d’Limitten ze definéieren.
Esoubal Dir de Sichmodus gewielt hutt an d’Delimitatioun vun dem Sichsecteur gemaach hutt, gitt Dir op d’Startsäit vun atHome.lu weidergeleet. Äre Lokalisatiounskrittär gëtt gespäichert, Dir braucht dann nëmmen nach déi aner gewënschte Sichkrittären auszewielen (Immobilientyp, Budget …) an Är Sich ze validéieren. D’Annoncen, déi all Äre Sichkrittären entspriechen, ginn dann ugewisen.
Et ass méiglech, erëm zeréck bei d’Sich op der Kaart ze goen an/oder Är Sich op der Säit vun de Resultater ze änneren:
Dir kommt dann op d’Kaart mat de geolokaliséierten Immobilien (falls d’Adress vun der Immobilie an der Annonce präziséiert ass), oder mat Punkt op den Zentrum vun der Uertschaft (falls d’Agence keng Informatioun iwwer d’Adress vun der Immobilie renseignéiert huet).
Den Iwwerbléck vun den Annoncë gëtt lénks op der Säit ugewisen. Wann Dir op d’Annonce klickt, geet en neien Tab op mat den Detailer vun der Immobilie. Dir kënnt also zu all Moment erëm zeréck op d’Kaart goen.
Op dëser Säit kënnt Dir och d’Sichzon op der Kaart oder de Sichmodus änneren. Denkt drun, op de Knäppchen „Läschen“ ze klicken, deen Dir uewe riets niewent dem Knäppchen „Zeechnung op der Kaart“ fannt, fir de viregte Sichmodus ze desaktivéieren an esou en neien ze wielen.
Wann Dir erëm zeréck op d’Uweise vun den Annoncen am Listing vun de Resultater wëllt goen, klickt op de Knäppchen „Listing“ uewe riets op der Säit.
Mir wënschen eng erfollegräich Sich!