Wann Dir no Immobilienagencen aus Ärer Ëmgéigend wëllt sichen, gitt op eis Säit mat den Agencen, wou Dir eng Sich no Uertschaft oder Regioun maache kënnt.
Dir hutt 2 Méiglechkeeten:
- Dir kennt den Numm vun der Agence a wëllt hir Telefonsnummer fannen oder hir eng Ufro iwwer eise Formulaire schécken.
Gitt an deem Fall déi éischt Buschtawe vum Numm vun der Agence am Feld „Nom de l'agence“ an:

Wielt d’Agence, déi Dir kontaktéiere wëllt am Listing vun de Resultater a klickt op déi rout Lupp fir d’Sich ze starten. Dir kommt duerno op d’Profilssäit, wou Dir all d’Coordonnéeë fannt.
- Dir wëllt Immobilienagencen an Ärer Ëmgéigend kontaktéiere fir d’Sich vun enger Immobilie oder fir hinnen de Verkaf vun Ärem Haus oder Ärem Appartement unzevertrauen.
Gitt an deem Fall déi éischt Buschtawe vun der gesichter Uertschaft am Feld „Région, commune, localité, réf.“ an a wielt se am Drop-Down-Listing. Esoubal d’Uertschaft selektionéiert ass, klickt op déi rout Lupp fir d’Sich ze starten:

Klickt am Listing vun den Agencen hei drënner op eng vun den Agencen. Dir hutt esou Zougang op d’Coordonnéeë vun der Immobilienagence an op de Kontaktformulaire. Falls Dir léiwer all d’Agencen an enger Kéier kontaktéiere wëllt, consultéiert dësen Artikel vun eisem Helpzenter, deen Iech erkläert, wéi Dir méi Immobilienagencen iwwer eise spezielle Kontaktformulaire kontaktéiert.

Dir kënnt och am Listing vun der Sich vun Agencen d’Telefonsnummer vun der Agence ugewise kréien, andeems Dir op de Knäppchen „Afficher le numéro“ klickt.