Dir sicht eng Immobilie? Dir wëllt en Appartement oder en Haus kafen oder lounen? Eist Portal atHome.lu kann Iech bei Ärer Demarche hëllefen!
Wichteg:
atHome.lu ass nëmmen e Kommunikatiounsmëttel a kann Iech keng wieder Informatiounen iwwer d’Immobilië ginn, déi op eisem Portal ugewise ginn.
Gitt op d’Startsäit vun atHome.lu.
Op dëser Säit kënnt Dir Är Immobiliesich maachen, andeems Dir all Är Kittären agitt, z.B. d’Uertschaft, de Präis, de Budget, d’Fläch an d’Unzuel un Zëmmeren.
Nodeems Dir Är Sich validéiert hutt kommt Dir op d’Säit vun den Annoncen, déi all Äre Kittären entspriechen.
Op dëser Säit kënnt Dir d’Sichkrittäre verfeineren (lénks op der Säit), wéi z.B. mat enger oder méi Garagen, Gaart …
Wat d’Informatiounen, déi am Sichformulaire renseignéiert ginn, méi präzis sinn, wat d’Annoncen, déi als Resultat ugewise ginn, méi Ären Erwaardungen entspriechen.
Fir méi Renseignementer iwwer eng Annonce vum Listing ze kréien, klickt direkt op dës Annonce. Dir kommt dann op d’Fiche mat den Detailer vun der Annonce, wou Dir all d’Renseignementer iwwer d’Immobilie fannt.
Wann Dir méi Renseignementer iwwer eng Annonce kréien oder e Rendez-vous fir eng Visite ausmaache wëllt, dann hutt Dir 2 Méiglechkeeten:
- Kontaktéiert d’Agence/d’Privatpersoun, déi d’Annonce publizéiert huet, direkt iwwer Telefon, andeems Dir op de Knäppchen „Afficher le numéro“ klickt, deen Dir an der Rubrik „Kontakt“ riets niewent de Fotoe vun der Annonce fannt.
- Benotzt de Formulaire, deen Dir och an der Rubrik „Kontakt“ fannt. Dir kënnt esou direkt eng E-Mail un den Annonceur schécken, andeems Dir déi virgespäichert Texter benotzt oder Är Ufro personaliséiert.
Denkt och drun, Iech fir d’E-Mail-Alerten anzeschreiwen, fir datt Dir déi nei Annoncen, déi Äre Sichkrittären entspriechen, direkt op Är E-Mail-Adress geschéckt kritt.