Falls Iech während Ärer Navigatioun oder um Listing vun de Resultater eng Annonce opfält, déi Iech net richteg schéngt, kënnt Dir se bei atHome.lu mellen.
Klickt dofir op de Knäppchen „E Feeler mellen“, deen Dir iwwer der Beschreiwung vun der Annonce fannt, oder op d’Symbol vum Signalement, dat Dir riets iwwer de Fotoe fannt.
Beispill: Iech fält eng Annonce op, an där steet, datt d’Immobilie scho verkaf oder verlount ass, an Dir wëllt eis doriwwer informéieren? Nëmmen Immobilien déi nach ze verkafen oder ze verloune si kënnen um Portal atHome.lu diffuséiert ginn.
Dir musst dann déi verschidde Felder an der Fënster, déi opgeet, ausfëllen an den Typ vu Feeler wielen.
De Clientsservice vun atHome.lu kritt dann d’Signalement. Falls d’Annonce wierklech frauduléis ass gëtt se vum Portal geläscht.