Äre perséinleche Kont ass e wichtegen a polyvalenten Tool, a Form vun engem Dashboard, mat deem Dir, ënner anerem, Publikatiounen erstellen an/oder änneren an Är perséinlech Informatioune verwalte kënnt.
Hei e Beispill vu Situatiounen, deenen Dir begéine kënnt:
Wouhi muss ech goe fir op mäi Kont kënnen zouzegräifen?
Op der Startsäit vun eisem Portal, klickt op de Knäppche mat deem klenge Logo uewe riets a gitt dann Är E-Mail-Adress an Äert Passwuert an (kuckt um Bild hei drënner).
Ech hu mäi Passwuert vergiess!
Liest an der Rubrik „Wéi kann ech mäi Passwuert zerécksetzen“ wat Dir maache musst.
Ech erënnere mech net méi u meng Benotzerinformatiounen, mä ech kennen d’Referenz vu menger Annonce.
Kontaktéiert eise Clientsservice bei e-mail: support@athome.lu. Op Ufro, kënne mir d’Informatiounen iwwer Är Annonce erëmfannen an Äert Passwuert zerécksetzen.