Fir déi nei Annoncen, déi Äre Sichkrittären entspriechen, direkt per E-Mail ze kréien hutt Dir d’Méiglechkeet E-Mail-Alerten ze erstellen.
Maacht dofir fir d’éischt Är Sich mat all Äre gewënschte Krittären. Dir kommt dann op e Listing mat de Resultater vun Annoncen, déi all dëse Krittären entspriechen.
Iwwer der éischter Annonce fannt Dir all Är Krittären:
Nodeems Dir op de Knäppchen „Eng Alert erstellen“ geklickt hutt, geet eng nei Fënster op. An dëser Fënster kënnt Dir Är Alert nei benennen a wielen, ob Dir déi nei Annoncë per E-Mail an/oder direkt op Äre Smartphone wëllt geschéckt kréien.
Nodeems Dir Är Astellunge gespäichert hutt, braucht Dir nëmmen nach op de Knäppchen „Erstellen“ ze klicke fir Är Alert ze aktivéieren.
Wann Dir net an Ärem Kont ageloggt sidd, gitt Dir op d’Verbindungssäit weidergeleet. Gitt do Är E-Mail-Adress an Äert Passwuert a fir Är E-Mail-Alert ze erstellen.
Wann Dir nach kee perséinleche Kont op atHome.lu hutt, kënnt Dir direkt op de Knäppchen "Inscrivez-vous" klicke fir op den Aschreiwungsformulaire ze kommen.
An Ärem perséinleche Kont kënnt Dir zu all Moment Är E-Mail-Alerte verwalten an/oder läschen.